Invitatioun KLIMAPAKT DAG 2021
15.09.2021

Méindes, den 11. Oktober 2021 ab 8h30 an der Luxexpo, Kierchbierg Lëtzebuerg

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a myenergy freeën sech Iech op déi 9. Editioun vum Klimapakt Dag ze invitéieren.

De Programm: 

D’Plazen si limitéiert. Mir bieden Iech, Iech dowéinst bis den 1. Oktober unzemellen.

8:30 – 12:00 Auer:  Fachlech Workshopen 

Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwee Workshopen umellen. Fir all Workshop ginn zwou Séancen noeneen ugebueden. 

  1. Économie circulaire an de Gemengen
    Presentatioun vun der Initiativ Eist Holz an dem Projet Circular Procurement
  2. Kommunal Erausfuerderungen an der Mobilitéit
    Workshop an Zesummenaarbecht mam Mobilitéitsministère
  3. Klimaupassung um kommunalen Niveau
    Strategesch Schwéierpunkter an Handlungsméiglechkeete fir Gemengen
  4. Aféierung vum Klimaschäffen an der Gemeng
    Presentatioun vun den Tâchen an Diskussioun iwwert d’Ëmsetzung am Alldag

12:00 – 14:00 Auer: Walking Lunch

14:00 – 17:00 Auer: Konferenz

  • Begréissung
  • Discours vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg
  • Discours vum Minister fir Energie an Landesplanung Claude Turmes
  • Klimaupassung a nohalteg Energietransitioun: Wat kënne Gemenge virum Hannergrond vun de rezenten Héichwaasserévènementer maachen?
  • Aktuelle Stand am Klimapakt 2.0 an Iwwerbléck iwwer aktuell Projeten vu myenergy
  • Aktuell Projete vun de Klimapakt-Partner – CELL, EBL, IMS a Klima-Bündnis Lëtzebuerg
  • Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen

Ab 17:00 Auer: Cocktail a Visitt vun der Klima Expo 2021

Mellt Iech w.e.g. online bis spéitstens den 1. Oktober un! 

Är Umeldung gëtt Iech virum 5. Oktober per Mail confirméiert. Fir Froe kënnt Dir Iech un events@myenergy.lu wenden. 

Dëst Evenement fënnt am Kader vum Covid-Check statt. All Persoun, déi deelhuele wëll, muss ageschriwwe sinn an en Zertifikat virweisen, entweder ënnert digitaler Form (PDF op Ärem Handy) oder op Pabeier.
De Covid-Check-System ass e Prinzip, dee bei ëffentlechen Evenementer gëllt a just geimpften, geheelten oder negativ geteste Persounen den Zoutrëtt garantéiert.

Wat bedeit dat fir Iech ?  

  • Keen Ofstand
  • Eng Mask muss net gedroe ginn (Dir kënnt dëst awer maache wann Dir wëllt)
  • Gedrénks an Iesse sur place
  • D’Méiglechkeet Iech am Gebai fräi ze beweegen