Klimapakt-Roadshow
12. November 2025 - 27. Januar 2026

Projete mat Impakt identifizéieren an ëmsetzen

Klimaneutralitéit heescht net nëmme manner Emissiounen, mee och eng besser Liewensqualitéit, manner Energiekäschten an eng méi resilient Zukunft.

Klima-Agence an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit huet vum 12. November op de 27. Januar op eng Serie vu regionalen Informatiounsveranstaltungen zu dësem Thema invitéiert. Dës Konferenz huet sech souwuel u Vertrieder a Mataarbechter vun de Gemenge wéi och Klimaberoder a regional Acteure geriicht. Unhand vu praktesche Beispiller gouf gewise wéi ee konkreet Projeten ëmsetze kann, an de Wee a Richtung Klimaneutralitéit aleede kann:

  • Begleedung am Kader vum Klimapakt,
  • Ëmsetzung vu Projeten an de Gemengen,
  • Hëllefsstellunge vu Klima-Agence,
  • Bäihëllefen aus dem iwwerschaffte Programm Klimabonus Gemengen.

Am Mëttelpunkt stoungen hei ënner anerem Theme wéi: Energieeffizienz duerch eng energeetesch Renovatioun, Méiglechkeete vun den erneierbaren Energië vum Eegeverbrauch bis zum Deelen an den Ausbau vun der Elektromobilitéit. Fir Froen zur Presentatioun, der Begleedungsoffer vu Klima-Agence oder dem Klimapakt, kënnt Dir Iech per Mail op pacteclimat@klima-agence.lu mellen.

D'Presentatioun kënnt Dir hei roflueden (PDF 3.9MB)