Klimapakt-Dag 2026
Freides, den 8. Mee
Vun 8:00 bis 17:00
am Cercle Cité an der Stad Lëtzebuerg
De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence freeë sech, Iech op de Klimapakt-Dag 2026 ze invitéieren, deen dëst Joer ganz am Zeeche vun der Klimaadaptatioun an de Gemenge steet.
De Programm:
D’Plaze fir déi fachlech Seancë Moies si limitéiert. Dir kënnt Iech bis den 6. Mee umellen an esou laang nach Plaze fräi sinn.
Ab 8:00 Auer: Accueil mat Kaffi a Croissant
8:40 - 8:55 Auer: Introductioun Klimaadaptatioun:
D’Verännerunge vu Liewensbedingungen am Klimawandel (Katharina Schätz, Fachexpertin fir Klimaadaptatioun an de Gemengen)
9:00 - 12:15 Auer: Fachlech Seancen
Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwou Seancë vu jeeweils 80 Minutten umellen, déi noeneen ugebuede ginn.
1. Klimaadaptatioun richteg plangen: Geforen identifizéieren a Visioune gestalten
An dëser Seance ginn déi wichtegst Analys- an Planungsinstrumenter gewisen an diskutéiert, mat deenen d’Gemengen hir eege Klimaupassungsstrategien opbaue kënnen. Am Fokus stinn d’Risikoanalys a konkret Praxis-Beispiller aus dem lëtzebuergesche Kontext.
2. Klimaresilient Quartieren: Vun der Planung bis zur Ëmsetzung
De Fokus vun dëser Seance läit um Quartier: Wéi kënne mir op Quartiersniveau méi resilient géint Hëtzt, Drëschend an Iwwerschwemmung ginn? Mir weisen, wéi gréng Infrastruktur, Frëschloftschneisen, intelligent Waasserretentioun an aner Elementer gezielt am Quartier kënnen agesat ginn, vir Geforen ze entschäerfen.
3. Kommunal Gebaier am Wandel: Klimaadaptatioun vun der Facade bis an de Keller
An der drëtter Seance ginn déi bautechnesch Moossnamen ënner d’Lupp geholl, déi d’Gebai am Extremfall ënnert anerem virun Hëtzt oder Waassermasse schütze kënnen a fit maache fir op d’Defie vum Waassermangel an Energieversuergung präparéiert ze sinn.
4. Resilienz duerch Dialog schaffen: D’Roll vun der Sensibiliséierung
De Workshop weist, wéi d’Kommunikatioun mat den Awunner*innen eng Schlësselroll an der Klimaadaptatioun spillt. Dobäi gi Léieren aus dem Bedeelegungsprozess vun der nationaler Strategie opgegraff, mam Zil ze weisen, wéi Gemengen d’Bevëlkerung gezielt a wierksam kënne mobiliséieren. Atelier proposéiert an Zesummenaarbecht mat de Partnerorganisatiounen aus dem Klimapakt (CELL, EBL, IMS, Klima-Bündnis Lëtzebuerg)
12h00 - 13h30 : Lunch & Networking
Programm vun 13:45 bis 17:00 Auer
- Begréissung duerch Klima-Agence an d'Stad Lëtzebuerg
- Ried vum Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Serge Wilmes
- Neiegkeeten aus dem Klimapakt
- Aktualitéite vun de Partnerorganisatiounen an der Ëmweltverwaltung
- Interventiounen zur Klimaadaptatioun an der Gemeng:
- Impulsvirtrag vum Katharina Schätz (Fachexpertin fir Klimaadaptatioun an de Gemengen)
- Virstellung vun der nationaler Klimaadaptatiounsstrategie (MECB)
- Präsentatioun vu Schlësselelementer fir Klimaadaptatiounskonzepter (Klima-Agence)
- Iwwerreechung vun de Spezialzertifikatiounen “Klimaadaptatioun”
- Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen
- Präisiwwerreechung vum Concours “Solar Challenge”
Ab 17:00 Auer: Gemeinsame Patt