Donneschdes, den 9. Juni 2022 ab 8:15 Auer
an der Maison du Savoir, Esch/Belval
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a Klima-Agence freeë sech Iech op déi 10. Editioun vum Klimapakt-Dag ze invitéieren.
De Programm :
D’Plaze si limitéiert. Mir bieden Iech, Iech dowéinst bis den 2. Juni unzemellen.
8:15 – 12:00 Auer : Fachlech Workshopen
Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwee Workshopen umellen. Fir all Workshop ginn zwou Séance noeneen ugebueden.
1. Ëmsetzung vun der Économie circulaire an de Gemengen
- Lancement vun der Plattform fir en zirkulären Akaf « B-Circular »
- Presentatioun vum neien Offallgesetz
- Ëmsetzungsbeispill aus der Gemeng
2. Roll vun de Gemengen am Kader vun der Promotioun vun der Elektromobilitéit
- Interventioune vum Mobilitéits- an Energieministère a Klima-Agence
3. Assises Pacte Climat locales
- Workshop organiséiert vum CELL
12:00 – 14:00 Auer : Walking Lunch
14:00 – 16:30 Auer : Konferenz
- Begréissung
- Discours vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring
- Discours vum Minister fir Energie Claude Turmes
- Aktuelle Stand am Klimapakt an Iwwerbléck iwwer aktuell Projete vu Klima-Agence
- Aktuell Projete vun de Klimapakt-Partner CELL, EBL, IMS a Klima-Bündnis Lëtzebuerg
- “De Klimapakt als Ënnerstëtzungsinstrument an der aktueller Klima- an Energiekris” (Klima-Agence)
- Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen
Ab 16:30 Auer : Patt
D'Umeldung fir de Klimapakt-Dag sinn zou. Bei Froe kënnt Dir Iech un events@klima-agence.lu wenden.