Vertrag Staat-Gemengen

D’Ënnerzeechnung vum „Klimapakt“-Vertrag tëschent enger Gemeng an dem Staat engagéiert si géigesäiteg:

  • D’Gemeng engagéiert sech, den europäesche Qualitéitsmanagement- an Zertifizéierungssystem „European Energy Award®“ (eea) an en Energiecomptabilitéitssystem anzeriichten.
  • De Staat garantéiert der Gemeng eng finanziell an technesch Ënnerstëtzung.

myenergy koordinéiert d’technesch Hëllef, déi Folgendes ëmfaasst:

  • d’Servicer vun engem Klimaberoder (25 bis 50 Deeg/Joer)
  • d’Tools fir de Programm „European Energy Award®“, wéi de Moossnamekatalog etc.
  • eng Energiecomptabilitéitssoftware
  • eng Base-de-Donnéeë mat Best-Practice-Beispiller
  • technesch Guidë fir d’Ëmsetzung vun de Moossnamen
  • Accès op en Helpdesk, fir op all d’Froen ze äntweren.

Myenergy encadréiert a kofinanzéiert d’Klimaberoder a koordinéiert d’Attributioun vun de Subventiounen.

Klimateam

An all Partnergemeng gëtt en „Klimateam“, dat sech folgendermoossen zesummesetzt, agesat:

  • e Klimaberoder, deen d’Reunioune leet
  • Vertrieder aus der Politik
  • Membere vun de Gemengekommissiounen a Gemengebeamten
  • Vertrieder vu lokalen Entreprisen oder Bierger.

De Klimaberoder muss déi néideg Kompetenzen a Formatiounen hunn, fir d’Gemeng während der eea-Prozedur begleeden ze kënnen. Hien assuréiert de Kontakt tëschent der Gemeng a myenergy, erkläert d’myenergy-Tools an all d’Formatiounen am Zesummenhang mat de sechs Themeberäicher vum Moossnamekatalog. Hien huet folgend Aufgaben:

  • d’Klimateam a säi Programm zesummesetzen, leeden an dirigéieren
  • den initiale Bilan etabléieren an d’Autoevaluatioun vun der Energie- a Klimapolitik vun der Gemeng duerchféieren
  • de jäerleche Suivi ausschaffen
  • d’Auditdossiere virbereeden.

D’Zäit, déi fir seng Prestatiounen accordéiert gëtt, hänkt vun der Awunnerzuel of. Bis 3.000 Awunner: 25 Deeg/Joer (8 Stonnen/Dag), fir 10.000 Awunner: 50 Deeg/Joer.

Moossnamen

De Klimapakt inspiréiert sech um European Energy Award (eea), engem Qualitéitsmanagement- an Zertifizéierungssystem an de Beräicher Energiepolitik a Klimaschutz, dee vu Gemenge fir Gemengen entwéckelt gouf. Dëse Modell baséiert op iwwer 20 Joer Erfahrung an zéng europäesche Länner.

Dank engem Guide mat 79 Moossnamen, ënnerdeelt a 6 Kategorien, kann all Gemeng eng nohalteg Politik an de Beräicher Kampf géint de Klimawandel, Energie a Mobilitéit ëmsetzen. Dëst ëmfaasst Folgendes:

  1. Aménagement du territoire a Constructiounen
  2. Gemengegebaier an -equipement (Energie, Waasser, Impakt op d’Klima)
  3. Versuergung an Depollutioun: Tariffer a Servicer fir d’Benotzer (lokal Energieproduktioun, Energieeffizienz – Drénkwaasserversuergung, Assainissement, Energie aus der Valorisatioun vun den Offäll
  4. Mobilitéit
  5. intern Organisatioun (Strukturen, Ofleef, Finanzen)
  6. Kommunikatioun an Zesummenaarbecht (Ënnerstëtzung fir privat Initiativen).

E Zertifizéierungssystem op dräi Niveauen erlaabt et, déi vun de Gemenge gemaachten Efforten ze bewäerten an ze belounen.

Télécharger le catalogue
complet des mesures

Energie-comptabilitéit

Niewent dem System „European Energy Award®“ engagéiere sech d’Partnergemengen, e kommunalen Energiecomptabilitéitssystem an den 2 Joer nom Ënnerschreiwe vum Klimapakt anzeféieren. De System huet dräi Etappen:

  1. Etat des lieux a Schafe vun engem System, fir de Stroum-, Gas-, Wäermt-/Keelt- a Waasserverbrauch vun all Gebai an de Stroumverbrauch vun den ëffentleche Luuchten ze moossen
  2. Eng Lëscht mat Informatiounen iwwert de Verbrauch vun de Gemengegefierer
  3. Designatioun vun enger Persoun, déi fir d’Ofliese vun de Compteuren an d’Comptabilisatioun vum Verbrauch an der Software „EnerCoach“, déi de Gemenge vu myenergy zur Verfügung gestallt gëtt, responsabel ass.

Finanzement

D’finanziell Ënnerstëtzung geschitt a Form vu Subventiounen an ëmfaasst:

  • de Finanzement vum Klimaberoder
  • eng jäerlech Subventioun forfaitaire vun 10.000 EUR als Participatioun fir de Finanzement vun de Fonctionnementskäschte vum Qualitéitsmanagementsystem eea a Form vu jäerlechen Avance-forfaitairen; eng jäerlech variabel Subventioun (tëschent 5 a 35 EUR pro Awunner mat engem Plafong, dee bei 10.000 Awunner fixéiert ass).

D’Subventioun entsprécht engem jäerleche Bonus fir d’Gemengen, déi eng eea-Zertifizéierung kritt hunn.
Ab dem zweete Joer ass dës Subventioun deels un Ziler gebonnen, bei deenen et dorëms geet, d’Treibhausgasemissioune vun der Gemeng um Niveau vun hirer Infrastruktur an hirem Equipement op där enger Säit an de Stéit op där anerer Säit ze reduzéieren.

Audit an Zertifizéierung

D’Gemeng oder den Titulaire vun der Lizenz kann en Audit ufroen.
Den Dossier, fir en Audit unzefroen, deen d’Gemeng un den Titulaire vun der Lizenz schéckt, enthält:

  • D’Auditufro mat der Motivatioun an den Ënnerschrëfte vun der Gemeng
  • Eng Presentatioun vun der Gemeng: Struktur, Organisatioun, Indicateuren, Ziler a Resumé vun den Haaptaktiounen, déi a punkto Energie- a Klimapolitik ëmgesat goufen
  • Presentatioun vun der Situatioun: en aktualiséierte Bilan vun der kommunaler Energie- a Klimapolitik an e kuerzen Iwwerbléck vun der Evolutioun vun de Resultater
  • Referenzen an Dokumentatioun: eng Zesummefaassung vun den Zuelen an den Aktivitéiten.

Jee no Score kann d’Gemeng eng vun dräi Zertifizéierunge kréien: 40 %, 50 % oder 75 % vum maximale Score.

All véier Joer muss en Audit organiséiert ginn.

Nous utilisons des cookies pour assurer le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l’utilisation des cookies. ok En savoir plus