Staark duerch regional Zesummenaarbecht !

4. regionale Bilan vun den Naturparken Our an Öewersauer am Klimapakt zu Branebuerg

De 4. Abrëll hunn d'Naturparken Öewersauer an Our op eng feierlech Presentatioun vum 4. regionale Bilan vun der interkommunaler Zesummenaarbecht am Klimapakt invitéiert. No der Begréissung vum Buergermeeschter vun der Gemeng Tandel Ali Kaes, dem President vum Naturpark Öewersauer Charles Pauly an dem President vum Naturpark Our Emile Eicher, huet de Laurent Spithoven de Bilan vun der regionaler Zesummenaarbecht am Klimapakt presentéiert. Uschléissend huet d'Madamm Minister fir Ëmwelt, Carole Dieschbourg déi gutt Zesummenaarbecht gelueft an d'Naturparke motivéiert weiderhin esou e Pionéiergeescht ze behalen. Als Ofschloss huet d'Gemeng Tandel en Éierewäin offréiert. 

Nous utilisons des cookies pour assurer le bon fonctionnement du site. En le consultant, vous acceptez l’utilisation des cookies. ok En savoir plus